Den 6. Januar stoung den 9. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 9ten Spilldag, 06/01/2017, bei eis um Site.
Den 6. Januar stoung den 9. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 9ten Spilldag, 06/01/2017, bei eis um Site.
Den 9. Dezember stoung den 8. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 8ten Spilldag, 9/12/2016, bei eis um Site.
Den 02. Dezember stoung den 7. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 7ten Spilldag, 02/12/2016, bei eis um Site.
BRUMMIS A -DURACELL as verluecht gin op den 06/12/16
Den 25. November stoung den 6. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 6ten Spilldag, 25/11/2016, bei eis um Site.
Um lëschten Samsden, 19/11/2016, stoungen Coupes Matcher an der Metro Coupe de Luxembourg, Coupe de la Fédération an déi 2. Ranglëscht vun der EDFL Saison 2016/2017 zu Grevenmacher, Op Flohr, um sportlechen Plang.
Du fënns lo Resultater vun den Coupes Matcher an och d’Classement vun der Ranglëscht um Site.
Resultater Metro Coupe de Luxembourg / Coupe de la Fédération
Den 11. November stoung den 5. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 5ten Spilldag, 11/11/2016, bei eis um Site.
Um lëschten Samsden as den 1. Tour an der Metro Coupe de Luxembourg an déi 1. Ranglëscht vun der EDFL Saison 2016/2017 zu Grevenmacher, Op Flohr, gespillt gin.
Du fënns lo Resultater vun der Coupe an och Classement vun der Ranglëscht um Site.
De 5. November 2016 get den éischten Tour, um 14h00, an der Metro Coupe de Luxembourg gespillt.
Matcher fänken alleguer um 14h00 un, gespillt get Op Flohr zu Grevenmacher.
Harlekeng | – | Blannen Theis |
Duracell | – | Sum Sum |
Donkey Darts B | – | Brummis |
Boardbangers | – | Donkey Darts A |
Die éischten Ranglëscht vun dëser Saison wärt dann géint 16h00 ufänken.
Vir Iessen an Drenken as natierlech bëschtens gesuergt. Ab dëser Saison get och ëmmer waarmen Chilli zervéiert.
Den 28. Oktober stoung den 4. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 4ten Spilldag, 28/10/2016, bei eis um Site.
Um Weekend vum 20. a 21. Oktober stoung deen zweeten europäesche Ranking vun der European Dart Union um Programm. De Ranking gouf zu Podčetrtek a Slowenien gespillt an vun der Slowenescher Federatioun organiséiert.
Gespillt gouf an enger grousser Sportshal mat 40 Apparater, an et sinn insgesamt
8 verschidden Turnéier gespillt ginn.
Un dësem zweeten Highlight vun der EDU Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun den Wee an Slowenien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt ware 15 letzeboier zu Podčetrtek um Rendez Vous.
De Weekend war och sportlech en kompletten Erfolleg. Spiller a Spillerinnen hunn en ganzen héijen Niveau gewisen a konnten och super Resultater verzeechnen.
Freides owes am Split Score Warm Up konnten sech den Louis Johnny an den Heyard Christian excellent Placéierungen erausspillen. Déi zwee konnten sech souverän duerch den Tableau spillen a konnten sech duerch hir staark Leeschtungen a verdéngte Victoiren um Podium platzeieren.
Louis Johnny 2. Platz am Warm Up Split Score & Heyard Christian 3. Platz am Warm Up Split Score
Am DYP konnt sech Klein-Kemp Sonny,mam Partner dem René Eidams, och eng staark Podium Placéierung sécheren. Sie hunn sech zesummen a spannende Partië géint éischtklasseg Géigner konnten duerchsetzen an hunn sech schlussendlech mat enger super 3.ten Platz belount.
Klein-Kemp Sonny & René Eidams 3. Plaatz DYP
Och an der Champions League ware letzeboier Spiller mat hirer Equipe um Freideg Owend am Asaatz. Et waren zwee ganz spannend an intensiv Matcher, wou sinn deen éischte Match, no enger ganz staarker Equippe Leeschtung, géint eng italienesch Equipe, vir sech entscheede konnten. Deen zweete Match gouf leider ganz knapp no engem haarde Kampf verluer.
Red Lions Luxembourg (LUX) 7 – 6 I Briganti (ITA)
Dvo United (CH) 8 – 5 Red Lions Luxembourg (LUX)
Mir felicitéieren all de Spiller an Spillerin fir hir ganz staark Leeschtungen, a mir sinn houfreg op déi héich Participatioun un dësem flotte Ranking.
Hoffentlech gesi mir eis all zu Porto um nächste Ranking erëm.