Kategorie: Allgemein

Invitatioun 5. Ranglëscht

Mir invitéieren härzlech op éis 5. Ranglëscht vun der EDFL Saison 2016/2017.

Gespillt gët den: 25/03/2017

Stade op Flohr
40, rue du Stade
Grevenmacher

Dieren gin um 14h00 op

Ufank: 15h00

 

Vir Iessen (Grill) an Drenken as bëschtens gesuegt.

 

Mir frëen eis Ierch hoffentlech ze gesin an en sportlechen an fairen Nomëtteg mateneen ze verbrengen.

Elektronik Darts Federatioun Letzebuerg

Nei Gallery op edfl.lu

Ab haut kanns du an eiser neier Gallery, déit flottste Momenter an Andréck vun eisen Ranglëschten, Coupematcher an och international Evenementer nach emol nokucken. Well bekanntleche soe Biller méi wei 1000 Wierder.

An Zukunft wäerte mir ëmmer méi Foto’en hei zur Verfügung stellen.

 

Op dëser Platz wëlle mir dem Julien Ramos, vun Imagify.lu, och nach emol en grousse Merci soe vir déi flott Foto’en, déi hien de 04/02/2017 zu Grevenmacher, gemaach huet.

 

Link zur Gallery 

3. Ranglëscht

Um lëschten Samsden, 04/02/2017, stoungen Coupes Matcher an der Metro Coupe de Luxembourg, Coupe de la Fédération an déi 3. Ranglëscht vun der EDFL Saison 2016/2017 zu Grevenmacher, Op Flohr, um sportlechen Plang.

Du fënns lo Resultater vun den Coupes Matcher an och d’Classement vun der Ranglëscht um Site.

 

* Resultater vun der Coupe kommen no.

 

Resultater Ranglëscht