Check Out A vs. Boardbangers 1: 0-4
Royal darts A vs. Red Lions A: 4-2
Check Out A vs. Boardbangers 1: 0-4
Royal darts A vs. Red Lions A: 4-2
Vum 8. bis de 14. Juni stoung dëst Joer rem en grousse Rendezvous op eiser sportlecher Agenda
Op dësem Ofschloss Highlight vun der Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun de Wee an Spuenien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt waaren mir mat enger Delegatioun vun 30 Léit op dëser EM vertrueden.
Op dësem Wee wëlle mir och speziell hinnen en grousse Merci soe vir déi flott Ambiance déi ganz Woch iwwer ënnert de Letzeboier geherrscht huet. Sie hun all Dag all eenzele Spiller oder Spillerin bis zu Lëscht ënnerstëtzt a motivéiert.
No enger Woch zu Benidorm, kennen mir soen, dass Leeschtungen e bessen wei Meteo wuaren, net konstant genug awer trotzallem net schlecht. Mir haaten mat der Nationaléquip bei den Hären eng machbar Grupp, wou mir et leider awer net konnten zu eisen Gonschten dreinen, mat just engem gewonnen Match geint eis Belsch Noperen hun Hären Grupp als 3ten oofgeschloss. Nationalequipe vun den Damen huet sech 2x missten geschloen gin mat 12-5, waat awer secher net heescht, dass et schlecht Leeschtungen wuaren geint Kroatien an Spuenien.
Männer:
LUXEMBOURG – TURKIYE: 8-9
BELGIUM – LUXEMBOURG: 6-11
FRANCE – LUXEMBOURG: 10-7
Dames:
LUXEMBOURG – SPAIN: 5-12
LUXEMBOURG – CROATIA: 5-12
Mee mir wëllen eis et net huele loossen nach en puer super Resultater hei opzelëschten:
13. Platz European Championship Single Women: BINTZ JESSICA
13. Platz European Championship Doubles Women: BINTZ JESSICA & KLEIN-KEMP SONNY
13. Platz Open Singles Men 501 MO: FLOHR ALEX
17. Platz Open Singles Women 501 MO: ZIMMER TANJA
33. Platz Open Singles Men 501 MO: REUTER MARC
33. Platz European Championship Doubles Mixtes: BINTZ JESSICA & WOLLENER STEVE
33. Platz European Championship Doubles Mixtes: BEMTGEN CAROLE & TEIXEIRA JOSE
65. Platz European Championship Single Men: WOLLENER STEVE
65. Platz European Championship Doubles Men: SCHMITZ MIKE & VOLZ STEVE
Alleguer Resultater fannt dir hei: Klick
Mir felicitéieren all de Spiller a Spillerinne vir hier gutt Resultater op dëser EM 2024 zu Benidorm.
Um Samschdeg, huet EDFL op hier lescht Ranglëscht vun der Saison invitéiert zu Habscht. Et goung nach em eppes, nämlech em net mannerwéi, de Championstitel an de Kategorien Damen a Männer. Déi eicht 3 Platze sinn nach haart ëmkämpft, dohannert goung et nach drëms Platz ze behalen oder vläit nach e Sprong no fir ze maachen. Also fir Spannung war gesuergt.
Et hunn sech net manner wei, 38 Männer a 7 Dammen am Centre Culturel zesumme fonnt.
Federatioun gratuléiert den neien Champion‘en zu hiren verdingten Titel.
Nächste Rdv fir Federatioun ass mat hiren Selektiounen zu Benidorm, wou d’Europaméeschterschaft ausgedroe gëtt.
Mir soen all de Spiller e grousse Merci, déi sech op deenen ganze Ranglëschten ënnerteneen gemooss hunn an Intressi um Darts gewisen hunn.
Classement Dames 2023/2024
Pos. | Nom – Prénom | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | TOTAL |
1 | Bintz Jessica | 30 | 30 | 30 | 30 | 120 | |
2 | Klein-Kemp Sonny | 24 | 20 | 30 | 24 | 98 | |
3 | Hoor Sabrina | 24 | 24 | 18 | 20 | 86 |
Classement Hommes 2023/2024
Pos. | Nom – Prénom | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | TOTAL |
1 | Teixeira José | 30 | 10 | 30 | 18 | 88 | |
2 | Wollener Steve | 24 | 20 | 20 | 10 | 74 | |
3 | Bartholmé Gilles | 18 | 20 | 12 | 12 | 62 |
Double Dames
Double Hommes
Double Mixtes
All Resultater
26/03/2024 – Boardbangers 2 vs. Check Out B: 1-4
05/04/2024 – Bullhunters 1 vs. The Duk’erzzz: 4-0
24/04/2024 – Red Barons vs. Boardbangers 1: 1 -4