Update: Covid-Check Regime 19/10/2021

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Den Sportsministère huet en Communiqué eraus ginn datt d’Mesuren, déi den 01/11/2021 am Horesca Secteur agefouert ginn, ab Haut den 19/10/2021 vir all Sportsmanifestatiounen schonn an Kraaft trieden.

Dëst bedeit datt d‘Championnatsmatcher schonn ab kommenden Freideg mussen ënnert dem Covid-Check Regime gespillt ginn.

Dësen Covid-Check Regime gesäit ausserdeem vir datt keng Schnelltester méi gülteg sinn an een just um Championnatsmatch kann deelhuelen wann:

• Een geimpft ass,
• Een geheelt ass,
• Oder een en zertifizeierten PCR oder zertifizeierten Schnelltest kann virweisen.

Bis den 01/11/2021 muss den Veräin deen Doheem spillt dann och d’Kontroll maan vun deem méi restriktiven Covid-Check Régime.

Ab dem 01/11/2021 fällt wéi gesot, laut neiem Gesetz dat en Méindeg gestemmt gouf, den gesamten Horesca Beräich ënnert den méi restriktiven Covid-Check Regime an d’Responsabilitéit vun der Kontroll leit dann beim Cafetier.

Wann ären Veräin en eegen Sall huet muss dir aus Veräin d’Championnatsmatcher bei der Santé als Covid-Check umellen an den Veräin ass dann och Responsabel vir d‘Kontroll vun den Covid-Check Certificats vun den Spiller. (Strofen vir Verstéiss fänken bei 6.000 EUR un)

Wann ären Veräin bis elo en eenzelen Sall am Café ënner Covid-Check gesat hutt, dann muss an deem Sall och den méi restriktiven Covid-Check Régime ugewannt ginn.

Et ass net méi erlaabt en Championnatsmatch/Training ofzehalen wann keen Covid-Check Regime en Place ass.

Mir bieden Veräiner sech un des Reglementatioun zehaalen an deementspriechend och iwwerall den Covid-Check Regime anzeféieren an och anzehalen.

De Comité.

Inscriptions Saison 2021/2022

Léif Veräiner, Léif Spiller,

Och dëst Joer konnte mir leider net eisem Sport wéi gewinnt nogoe mee mir hoffen dass sech datt an Zukunft erëm wäert änneren.

Dofir wëlle mir Iech häerzlechst informéieren dass d ‘Aschreiwunge fir déi nei Saison op sinn an den Umeldeschluss ass den 15/09/2021.

Déi néideg Dokumenter vir äre Veräin a Spiller anzeschreiwe fannt dir op eiser Internetsäit.

Déi aktuell Mesurë vun der Regierung gi bis den 14/09/2021, bis dohin mussen och mir ofwaarden ënnert wéi enge Konditiounenmir d’Saison kéinten starten respektiv oflafen loossen.

Déi Veräiner déi lescht Saison schonn e Paiement gemaach haten wäerten deen an der neier Rechnung agerechent kréien.

Mir wëllen Iech gläichzäiteg och informéieren dass d’Federatioun och getraff war vum Héichwaasser an eis Apparater leider komplett ënner Waasser stoungen. Momentan evaluéiere mir de Schued a schaffen aktiv un Léisungen vir dass mir erëm kennen Evenementer ausriichten.

Eis alljärlech AGO hale mir och gläichzäiteg mat eiser Infoversammlung of. Deen Datum deele mir Iech nach mat.

Mir si frou fir all är Virschléi, fir datt de Kommitee, Iech, de Spiller a Spillerinnen eng flott a gutt encadréiert Saison kann ubidden.

Sportlech Gréiss,

De Kommitëe

Communiqué E.D.U.

Léif Veräiner,
Léif Spiller,

Mir kruten folgenden Communiqué vun der E.D.U. matgedeelt:

Nach mehreren Vorstandssitzungen mit dem Ausrichter der Europameisterschaft und den Spanischen Behörden ist der Vorstand der EDU zum Entschluss gekommen die geplante Europameisterschaft 2021 in Benidorm aufgrund der momentanen COVID-19 Situation abzusagen. Dieser Entschluss war für den Vorstand nicht leicht, weiteres war auch ein Entscheidungsfaktor der Absage da mehrere an der EDU angeschlossenen Nationen schon voraus ihre Entscheidung getroffen haben und die EDU benachrichtigt dass sie auf die Europameisterschaft 2021 nicht anreisen werden.

Der neue Termin für die Europameisterschaft ist im Juni 2022 geplant

Die EDU bedankt sich für ihr Verständnis

Wann et weider Ännerungen géifen ginn, deelen mir Iech daat natierlech mat.

De Kommitëe.

Report EDU Rankings & EDU EM 2021

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Mir kruten vun der E.D.U. (European Dart Union) folgender Ännerungen am Planning vum Joer 2021 matgedeelt.

EDU Ranking Frankreich 2. – 3. Abrëll 2021 -> 9. – 10. Juli 2021
EDU Europameeschterschaft Benidorm (Spuenien) 5. – 11. Juni 2021 -> 16. – 22. Oktober 2021

EDU Ranking Kosice (Slowakei) 24. – 26. September 2021

Wann sech am Verlaaf vum Joer Eenzelheeten oder Datumer sollten änneren, ginn mir Iech sou séier wéi méiglech Bescheed.

De Comité.

EDFL Saison 2020/20201

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Mir sinn déi lëscht Méint duerch eng ongewinnt an schwiereg Situatioun zesummen gaangen an mir hunn alleguer eisen Sport vermësst an probéieren lo eisen Bléck an Fokus op déi nei Saison 2020/2021 zerichten vir, wie gewinnt, am Oktober rëm eiser Passioun zesummen kennen no ze goen.

Aschreiwungen an Transferts sinn ab sofort méiglech an dat bis den 31/08/2020.

Mir informéieren Iech och schnellstméiglech wéini an wei mir eis AGO wäerten ofhalen, natierlech ënnert deenen momentan recommandéierten Virkeierungen vir en sécheren Oflaf kennen ze garantéieren.

Wéi den Comité schon ugekënnegt hat entfalen Frais d’Inscriptions Club & Equipe vir Veräiner déi bei eis an der Saison 2019/2020 ageschriwwen waren.

Mir hoffen Iech alleguer deemnächst perséinlech rëm kennen ze begréissen.

 

De Comité.

Evaluation Saison 2019/2020

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

D’E.D.F.L. deelt Iech mat dass déi sportlech Saison 2019/2020 net gewäert gëtt.

Dës Decisioun ass am Aklang mat den Avis’en vun all eise Veräiner getraff ginn a läit domat och op enger Linn zu deene meeschten anere Federatiounen an der lëtzebuerger Sportwelt.

Dës sportlech Annulatioun betrëfft:

  • Championnats par Equipes (Div. Nat, Div. Hon & 1ière Div.)
  • Résultats Highscore, High Check, Fast Finish
  • Championnats Individuels Hommes & Dames
  • Coupe de Luxembourg
  • Double Hommes & Triple Mixtes

Resultater vum Double Dames & Double Mixtes bléiwen bestoen. 

Mir wäerten d’Veräiner och um lafenden halen iwwert de Planning an den Oflaf vun eiser alljärlecher AGO.

Den Comité huet och decidéiert dass Inscription Club & Inscription Equipe fir di nächst Saison 2020/2021 komplett entfalen fir eis Veräiner.

D’Membere vum Comité vun der E.D.F.L. hoffen, dass dir an är Famille gesond a monter bleift, an dass mer eis geschwënn rëmgesinn fir flott a sportlech Momenter kennen zesummen ze erliewen.

 

 

De Comité.

Annulatioun EDFL Aktivitéiten bis den 23/04/2020

Léif Spiller a Spillerinnen,

D’EDFL informéiert dass den Comité eestëmmeg decidéiert huet Championnat bis den 23/04/2020 auszesetzen.

Desweideren wäerten déi geplangte Ranglëscht vum 04/04/2020 wéi och Coupe de Luxembourg vum 05/04/2020 net ofgehalen ginn.

Mat dëser Mesure huelen och mir eis Verantwortung an alignéieren eis un déi aner Federatiounen am gesamte Sportsberäich.

Mir halen Situatioun, Mesurë vun der Regierung an de Gemenge weider am Bléck an informéieren iech schnellstméiglech iwwer Ersatzdatumer an Ännerungen am Sportskalenner.

Merci vir äert Verständnis.

De Comité.

Annulatioun – EDU Ranking & EDU EM 2020

Léif Spiller an Spillerinnen,

D’EDFL informéiert dass E.D.U. (European Darts Union) éis matgedeelt huet dass Sie den E.D.U. Ranking a Frankreich, 01. – 02.05.2020, sou wéi och E.D.U. Europameeschterschaft a Spuenien, 06. – 13.06.2020, ofgesoot hunn.

Dës Décisioun ass eenheetlech am E.D.U. Virstand getraff ginn. Sie wärten éis schnellstméiglech informéieren wéi et mat den Veranstaltungen vun der E.D.U. weider wärt goen.

De Comité.

Annulatioun – Ranglëscht & DH & TM

Léif Spiller an Spillerinnen,

D’EDFL informéiert dass déi geplangten individuell Ranglëscht wei och Landesmeeschterschaften am Double Hären an Triple Mixte vir dëse Weekend, 14. & 15. März 2020, ofgesot ginn duerch déi rezent Entwécklungen.

Mir suivéieren Situatioun weider an informéieren iech schnellstméiglech iwwert en Ersatzdatum oder weider Messuren.

De Comité.

Resultater – Doubles Dames & Doubles Mixtes

Mir haaten den 02/02/2020 eis alljährlech Doubles Dames an Doubles Mixtes Meeschterschaften zu Koplëscht am Centre Wirtspesch um sportlechen Plang.

Hei d‘Resultater vun deenen 2 Disziplinen:

Doubles Dames:
1) Klein-Kemp Sonny & Hoor Sabrina
2) Ezzaidi Lamyaa & Lommer Nadine
3) Hottua Jessica & Lutty Wendy

Doubles Mixtes:
1) Bintz Jessica & Flohr Alex
2) Beckius Carole & Weishaar Jérôme
3) Klein-Kemp Sonny & Teixeira José

 

Mir feliciteiren all den Spiller fir hier gutt Resultater.

Mir geifen eis freen Ierch alleguer op Doubles Hommes an Triple Mixte Meeschterschaften erem zegesin déi den 15. März 2020 zu Koplescht.

Mir wellen och der Gemeng Koplëscht, eisem Organisatiounscomité an all deenen dei eis eng Hand mat ugepackt hun en groussen Merci soen vir hir Hellef.

Resultater Doubes Dames

Resultater Double Mixtes