2. Open EDFL Ranglëscht

Um lëschten Samsden, 25/11/2017, stoung déi 2. Open Ranglëscht vun der EDFL Saison 2017/2018 an der Stadt, Lycée des Garçons, um sportlechen Plang.

En decke Merci un jiddereen deen den Wee bei eis fonnt huet.

Dames:
1. Klein-Kemp Sonny
2. Zimmer Tania
3. Vesque Rachel

Hommes:
1. Louis Johnny
2. Glesener Franky
3. Bajrami Sulbear

Resultater Herren

Resultater Damen

 

Resultater vun der Coupe:

Coupe de Luxembourg
Coupe de la Fédération

EDU Ranking Sulgen

Réckbléck op den EDU Ranking an der Schwäiz vum 20. -21.10.2017.

Bei sonnegem Wierder an enger fantastescher Ambiance hunn 23 Spiller ee super Dartsweekend an der Schwäiz verbruecht.
Mir felicitéieren all eise Spiller vir déi gutt Resultater wou sinn erreecht hunn.

Bei de Männer waren 162 Spiller ageschriwwen a bei de Frae waren et der 57.

Freides Owes huet eis Champions League Equipe 3 Matcher gespillt:

Red Lions Luxembourg (LUX) – Brixia (ITA) 8-5
Red Lions Luxembourg (LUX) – DSAB 1 (GER) 2-11
Joue le Douze (FRA) – Red Lions Luxembourg (LUX) 5-8

Ofschléissend si mir immens zefridden op zwee Rankingen, Prag & Sulgen, mat enger grousser Delegatioun präsent gewiergt ze sinn a frëen eis fir Iech alleguer op dem lëschte Ranking vun der Saison 2017/2018 zu Lëtzebuerg ze begréissen. Kommt alleguer dohinner, dir wäert et net bereien.

Héi nach en puer individuel Resultater:

Warm-Up Men:
13. Louis Johnny
17. Junck Jeff
25. Bintz Nico

Lucky Looser:
25. Klein Frank
33. Bintz Nico

DYP:
5. Teixeiera José
9. Louis Johnny
13. Junck Jeff

EDU Hären:
17. Louis Johnny
33. Baulesch Yves
49. Müller Gerard

EDU Damen:
9. Klein-Kemp Sonny
25. Hoor Sabrina
33. Flammang Maryse

Alleguer Resultater fannt dir hei: EDU Sulgen Resultater

EDU Prag – 01. – 02.09.2017

 

Dëst Joer stoung deen éischten europäesche Rendezvous zu Prag op eiser sportlecher Agenda.

Um éischten EDU Ranking waren och des kéier rem 16 Lëtzebuerger vertrueden, 14 Spiller bei de Männer an 2 Spillerinnen an der Damen Competitioun.

D’Ambiance war wei ëmmer rem ganz gutt ënnert den eenzele Spiller a Spillerinnen, et huet een deen aneren ënnerstëtzt, gouf gutt gelaacht an natierlech op engem heigen Niveau Darts gespillt.

Bei de Männer hun insgesamt 250 Spiller de Wee Samschdes moies un Linn fonnt. Bei den Damen waren am ganzen 69 Spillerinnen ageschriwwen.

Um Freideg huet de Ranking ugefaange mat der Champions League wou EDFL och mat enger Equipe dëst Joer vertrueden as:

DSAB 1 (GER) – Red Lions Luxembourg 9-4

Red Lions Luxembourg – Joue le Douze (FRA) 5-8

Club Moby Dick (ITA) – Red Lions Luxembourg 7-6

An haart emkämpfte Matcher huet eis Equipe leider 3 mol de Kierzere gezunn. Trotzdeem hun sie sech gutt aus der Affär gezunn a gutt Matcher ofgeliwwert a kënnen zouversichtlech op dei nächst Matcher kuken.

Zousätzlech goufen et na folgend individuell Resultater.

EDU Männer:

Klein Mike (65)

Louis Johnny (97)

Teixeiera José (97)

EDU Damen:

Klein-Kemp Sonny (3)

Flammang Maryse (33)

DYP:

Perreira Bruno & Gögele Daniel (ITA) – (13)

Klein Frank & Dlab Josef (CZE) – (17)

Bintz Nico & Nova Teresa (CZE) – (33)

Mir felicitéieren alleguer de Spiller vir hier eenzel Resultater, an besonnëg dem Sonny vir seng super Podiums Plaatz.

Alleguer Resultater fannt dir hei:

http://www.edu-dart.eu/273.php

Den nächste Ranking as den 21. -22.10.2017 an der Schwäiz, Sulgen.

Mir géifen eis freeë rem vill Leit ze gesinn an en flotten a sportleche Weekend zesummen ze verbréngen.

Elektronik Darts Federatioun Letzebuerg

Inscriptions 2017/2018

Dokumenter sinn aktualiséiert vir die nei Saison 2017/2018.

Du fënns Dokumenter als PDF ënnert DOWNLOADS – DOKUMENTER

Umeldungen, nei Lizenzen an Transfert’en mussen bis den 31. August gema sinn. Dir kennt eis alles per mail oder per Courrier schécken.

Bei weider Froen kontaktéiert eis, mir stin Iech den ganzen Summer iwwer zur Verfügung.

 

Mir wënschen Iech na en schéinen Recht vum Summer.

Ranking Resultater

Héi fannt dir elo die lëscht an final Resultater vun éisen 7 Rangleschten dei an deser EDFL Saison 2016/2017 gespillt goufen. Mir wëllen op deser Plaatz all éisen Spiller an Spillerinnen en groussen MERCI soen vir hir aktiv Partizipatiounen un éisen Ranglëschten. Ouni Ierch wier et aussgeschloss sou flott an kompetitiv Eenzeltournéier zeorganiseieren.

Mir gratuleieren och éisen zwee Landesmeeschter bei den Damen an bei den Herren:

 

Herren: Louis Johnny

Damen: Klein-Kemp Sonny

 

an natierlech all den Spiller an Spillerinnen vir hir gudd Eenzelleschtung waerend éisen Rangleschten.

 

Mir hoffen Ierch alleguer nächst Joer rem sou zahlreich erem zegesin, an wei gewinnt an enger flotter an frendschaftlecher Ambience en puer Darts kennen zesummen zegeheien.

 

Résultats finals Ranking Hommes et Dammes
(* Streichresultat as an der Endpunktzuel ofgerechent)