Ranking + Meschterschaften

Desen Weekend goufen zu Grevenmacher rem vill Darts geschmass. 

Den Samschden war den 6ten Tour vun eisem Ranking an den Sonnden goufen 4 Disziplinen (Triple Mixte, Double Mixte, Double Hommes & Double Dames) iwwert den ganzen Daag gespillt. 

Daat Ganzt natiirlech mat engem groußen Erfolleg an vill motiveiert Darts-Spiller. 

Am Triple Mixte:
1. Plaaz: Klein-Kemp Sonny & Gonner Claude & Glesener Franky 
2. Plaaz: Johnny Louis & Vesque Rachel & Morawietz Raphael
3. Plaaz: Reuter Yves & Starflinger Nathalie & Klein Frank

Am Double Mixte: 
1. Plaaz: Gonner Claude & Klein-Kemp Sonny
2. Plaaz: Baulesch Yves & Zimmer Tania
3. Plaaz: Johnny Louis & Vesque Rachel

Am Double Dames:
1. Plaaz: Vesque Rachel & Klein-Kemp Sonny
2. Plaaz: Hoor Sabrina & Kleinbauer Christiane
3. Plaaz: Flammang Maryse & Fickinger Sabrina

Am Double Hommes: 
1. Plaaz: Johnny Louis & Morawietz Raphael
2. Plaaz: Heyard Christian & Gutt Michel
3. Plaaz: Donven Mike & Baulesch Yves

Mir gratuleieren nach engkeier eisen Gewënner an natiirlech een RIESEN MERCI un all dei Leit dei deen Daag esou fleißeg gehollef hun. 

Ranking:
Resultater Hommes
Resultater Dames

Landesmeeschterschaften:
Resultater Double Hommes
Resultater Double Dames
Resultater Double Mixte
Resultater Triple Mixte

Néi Fotoën

Ab elo fënns du an éiser Gallery néi Fotoën dei dir en klengen Anbléck an éis Ranglëschten gin. Op vill weider sportlech an flott Momenter.

 

Gallery

Championnat EDFL

Invitatioun Landesmeeschterschaften

Mir invitéieren härzlech op éis Double Hommes, Double Dames,
Double Mixte, Triple Mixte Landesmeeschterschaften.

Gespillt gët den:

09/04/2017

Stade op Flohr
40, rue du Stade
Grevenmacher

Triple Mixte: 14h00
Double Mixte: 15h00
Double Hommes: 16h00
Double Dames: 16h30

 

Vir Iessen an Drenken as bëschtens gesuegt.

 

Mir frëen eis Ierch hoffentlech ze gesin an en sportlechen an fairen Nomëtteg mateneen ze verbrengen.

Invitatioun 6. Ranglëscht

Mir invitéieren härzlech op éis 6. Ranglëscht
vun der EDFL Saison 2016/2017.

Gespillt gët den:

08/04/2017

Stade op Flohr
40, rue du Stade
Grevenmacher

Ufank: 15h00

 

Vir Iessen an Drenken as bëschtens gesuegt.

 

Mir frëen eis Ierch hoffentlech ze gesin an en sportlechen an fairen Nomëtteg mateneen ze verbrengen.

Datum Changement

Mir mussen Ierch leider informéieren dass mir den Double Hommes, Double Dames, Double Mixte an Triple Mixte mussen op en aneren Datum verléen.

Den neien Datum as den 09/04/2017.

Mir entschëllegen éis vir des Onannehmlechkeeten.

Invitatioun 5. Ranglëscht

Mir invitéieren härzlech op éis 5. Ranglëscht vun der EDFL Saison 2016/2017.

Gespillt gët den: 25/03/2017

Stade op Flohr
40, rue du Stade
Grevenmacher

Dieren gin um 14h00 op

Ufank: 15h00

 

Vir Iessen (Grill) an Drenken as bëschtens gesuegt.

 

Mir frëen eis Ierch hoffentlech ze gesin an en sportlechen an fairen Nomëtteg mateneen ze verbrengen.