EM Benidorm 2024

Vum 8. bis de 14. Juni stoung dëst Joer rem en grousse Rendezvous op eiser sportlecher Agenda

Op dësem Ofschloss Highlight vun der Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun de Wee an Spuenien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt waaren mir mat enger Delegatioun vun 30 Léit op dëser EM vertrueden.

Op dësem Wee wëlle mir och speziell hinnen en grousse Merci soe vir déi flott Ambiance déi ganz Woch iwwer ënnert de Letzeboier geherrscht huet. Sie hun all Dag all eenzele Spiller oder Spillerin bis zu Lëscht ënnerstëtzt a motivéiert.

No enger Woch zu Benidorm, kennen mir soen, dass Leeschtungen e bessen wei Meteo wuaren, net konstant genug awer trotzallem net schlecht. Mir haaten mat der Nationaléquip bei den Hären eng machbar Grupp, wou mir et leider awer net konnten zu eisen Gonschten dreinen, mat just engem gewonnen Match geint eis Belsch Noperen hun Hären Grupp als 3ten oofgeschloss. Nationalequipe vun den Damen huet sech 2x missten geschloen gin mat 12-5, waat awer secher net heescht, dass et schlecht Leeschtungen wuaren geint Kroatien an Spuenien.

Männer: 

LUXEMBOURG – TURKIYE: 8-9
BELGIUM – LUXEMBOURG: 6-11
FRANCE – LUXEMBOURG: 10-7

Dames: 

LUXEMBOURG – SPAIN: 5-12 
LUXEMBOURG – CROATIA: 5-12

 

Mee mir wëllen eis et net huele loossen nach en puer super Resultater hei opzelëschten:

13. Platz European Championship Single Women: BINTZ JESSICA

13. Platz European Championship Doubles Women: BINTZ JESSICA & KLEIN-KEMP SONNY

13. Platz Open Singles Men 501 MO: FLOHR ALEX

17. Platz Open Singles Women 501 MO: ZIMMER TANJA

33. Platz Open Singles Men 501 MO: REUTER MARC

33. Platz European Championship Doubles Mixtes: BINTZ JESSICA & WOLLENER STEVE

33. Platz European Championship Doubles Mixtes: BEMTGEN CAROLE & TEIXEIRA JOSE

65. Platz European Championship Single Men: WOLLENER STEVE

65. Platz European Championship Doubles Men: SCHMITZ MIKE & VOLZ STEVE

 

Alleguer Resultater fannt dir hei: Klick

 

Mir felicitéieren all de Spiller a Spillerinne vir hier gutt Resultater op dëser EM 2024 zu Benidorm.

Ranglëscht Saison 2023/2024

Um Samschdeg, huet EDFL op hier lescht Ranglëscht vun der Saison invitéiert zu Habscht. Et goung nach em eppes, nämlech em net mannerwéi, de Championstitel an de Kategorien Damen a Männer. Déi eicht 3 Platze sinn nach haart ëmkämpft, dohannert goung et nach drëms Platz ze behalen oder vläit nach e Sprong no fir ze maachen.  Also fir Spannung war gesuergt.

Et hunn sech net manner wei, 38 Männer a 7 Dammen am Centre Culturel zesumme fonnt.

Federatioun gratuléiert den neien Champion‘en zu hiren verdingten Titel.

Nächste Rdv fir Federatioun ass mat hiren Selektiounen zu Benidorm, wou d’Europaméeschterschaft ausgedroe gëtt.

Mir soen all de Spiller e grousse Merci, déi sech op deenen ganze Ranglëschten ënnerteneen gemooss hunn an Intressi um Darts gewisen hunn. 

 

Classement Dames 2023/2024

Pos. Nom – Prénom 1 2 3 4 5 TOTAL
1 Bintz Jessica 30 30 30 24 30 120
2 Klein-Kemp Sonny 24 20 14 30 24 98
3 Hoor Sabrina 18 24 24 18 20 86

Classement Hommes 2023/2024

Pos. Nom – Prénom 1 2 3 4 5 TOTAL
1 Teixeira José 30 10 4 30 18 88
2 Wollener Steve 8 24 20 20 10 74
3 Bartholmé Gilles 18 20 12 10 12 62

 

All Resultater

Resultater – Championnat 17/05/2024

 

Resultater Landesmeeschterschaften

Double Dames

  1. Bintz Jessica & Klein-Kemp Sonny
  2. Hottua Jessica & Wollener-Seil Corinne
  3. Bemtgen Carole & Zimmer Angela

Double Hommes

  1. Bartholmé Gilles & Wollener Steve
  2. Nehrenhausen Mike & Pawlowski Slawomir
  3. Bajrami Sulbear & Spautz Sam

Double Mixtes

  1. Klein-Kemp Sonny & Teixeira José
  2. Hoor Sabrina & Schmitz Mike
  3. Cloos Severine & Fogel Frank

All Resultater